VBAL um Lënster Maart

Volleyball Amber-Lënster

🏐🤓Den Volleyball VBAL mëscht rëm seng Bio-Pangescher um Lënster Maart 2025 !!! 🥳🥞
 
- Freides, den 19. September vu 16:00 bis 23:00 Auer
- Samschdes, den 20. September vun 10:00 bis 20:00 Auer 

Lenster Maart 2025

19 September 2025

Freides, den 19. September vu 16:00 bis 23:00 Auer
Samschdes, den 20. September vun 10:00 bis 18:00 Auer fir d’Maartstänn a vun 10:00 bis 20:00 Auer fir d’Iess- a Gedrénksstänn (Veräiner).

Duerch den Duerfkär vu Jonglënster erwaarden Iech eng sëlleche Stänn vu Produzenten aus der Regioun, Kënschtler a Konschthandwierker, souwéi d’Associatiounen an d’Veräiner aus der Gemeng, déi dofir suergen, dass keen hongereg oder duuschtereg bleift. Flott Animatioun fir grouss a kléng stinn natierlech och um Programm an op deenen zwee Deeg suergen live Bands op der Bün an an de Strossen fir di richteg Stëmmung.

Fotograféiert vum Jeff Müller

image