FINAL MINIMES - Mir brauchen all Ënnerstëtzung !

19th March 2024

club logo

Volleyball Amber-Lënster



Mir hoffen op d’ Ënnerstëtzung vun jidderengem aus dem Veräin an den Supporter vum VBAL! Eis Minimes (U13) stinn den 23.03.2024 um 13.30 Auer (Warm-Up ass schonn éischter!) an der FINAL vun der Coupe de Luxembourg!


Si hu riseg Chancen fir d’ Coupe dëst Joer ze gewannen, mee si brauchen kräfteg Ënnerstëtzung vun alle Säiten! Den Comité an d’ Trainer wënschen sech, dass sou vill wéi méiglech Zuschauer op hiren Match an den Centre Atert Bertrange ( L-8079 Bertrange, 13, Rue Atert) kommen an d’ Jugend ufeieren!


All Equippe wier frou, wann si an esou enger Situatioun den Maximum un Support kréien. Dofir huelt iech w.e.g. Zäit an kommt an d’ Hal. Bréngt souvill Leit mat wéi dir kennt mat.


TENUE: Trikot VBAL/Trainingskostüm VBAL oder an den Veräinsfaarwen (schwarz/rout)


Mir hoffen op en Maximum un Support!


Den Comité VBAL


Fotograféiert vum HINKEL Sam

image